Equipe

Serge Schiltz

processCentric GmbH as 2015 vum Serge Schiltz gegrënnt gin. An sengen Aktivitéiten als Prozessmanagement- an Projektmanagement-Expert a verschiddenen Secteuren, virun allem am Finanz-Secteur, krut hien eng grouss Erfahrung der Gestaltung vun Prozesser an an der Ëmsetzung vun Verännderungsprojet'en. Säi Schwéierpunkt ass ëmmer di Notzen-orientéiert Ëmsetzung vun de Konzepter, déi effektiv de Pilotage vum Betrib ënnerstëtzen. Säii Studium vun der Mathematik (dipl. math.) an der Informatik (dipl. Inf.) huet den Serge Schiltz mat enger Dokteraarbecht an der Informatik (Dr. sc. Inf.) ofgeschloss. Berufsbegleedend huet hien an der Betribs-Gestioun (MBA in Business Administration), dem Projektmanagement (MSc inProject Management, PMI PMP), am Prozessmanagement (OMG OCEB Business Advanced, IASSC Lean Six Sigma Black Belt) an am Service Management (ITIL v4 Foundation) weidergebild. Als begeeschterten Trainer gëtt de Serge Schiltz Formatiounen bei Digicomp Academy, Twenty Eighty Strategy Execution, d'Zürcher Hochschule für Angewandte Wissenschaften ZHAW, d'Berner Fachhochschule BFH an d'Universitéit Fribourg. Hien ass zertifizéierten Erwuessene-Bildner op dem Niveau SVEB/FSEA I. Duerch säin excellenten Réseau kann den Serge Schiltz an sénger Aarbecht op eng Selektioun vun de beschten Experten zrëckgräifen fir de Succès vun Äre Projet'en ze garantéieren.

Fabienne Schiltz-Rehm

Fabienne Schiltz-Rehm, als Matgrënnerin vu processCentric, dréit wesentlech zur Orientéierung an der Struktur vum Betrib bäi. Si ass responsabel fir d'Finanzen vun der Firma.

André Kowalski

Mat méi wéi 30 Joer praktesch Erfahrung an der Informatiounstechnologie huet André Kowalski eng grouss Diversitéit vun Aufgaben u Grond op geléiert a gemaach. Ugefaangen an der Entwëcklung vu Batch- an Online-Applikatiounen, iwwer Systemverifikatiounen bis zum IT-Produkteresponsablen enger Versëcherung huet sech den André Kowalski sech weider spezialiséiert am Management fir aussergewéinlech, strategesch a wichteg Projet'en. No senger zousätzlech berufflecher Ausbildung als Wirtschaftsökonom, huet hie seng Projet'en fokusséiert an d'SAP-Ëmfeld, wou hien säin Economie-Wëssen beschtméiglechst mat der IT kombinéiere kann. Den André Kowalski huet seng Industriekenntnisser souwuel am Privatsektor (Versëcherung, IT, Consulting) wéi och an der Verwaltung (Confédératioun) gewonnen, woubäi hien en groussen a wichtege Réseau vun Bezéiungen iwwert Joren opbaue konnt.

Flavian Negri

Scho während séngem Stage bei processCentric war de Flavian Negri zentral un der Entwécklung vu verschiedene Produkten bedeelegt. Seng Prozesssimulatioun, déi flexibel un d'Besoin'en vun de Client'en kann adaptéiert ginn, gëtt regelméisseg a Formatiounen benotzt a mëcht d'Prozessmanagementkonzepter gräifbar. De Moment ass de Flavian Negri e Bachelor-Kandidat op der Universitéit St. Gallen (HSG) a schafft fir processCentric niewt séngem Stuidum. Säin aktuelle Schwéierpunkt läit op der Modélisatioun vun Geschäftsregelen mat DMN der Weiderentwécklung vun einem Service-Portfolio.

Fionn Keogh

De Fionn Keogh entwëckelt fir processCentric innovativ Hëllefsmëttel fir eis Mataarbechter a Client'en am Projekt- a Prozessmanagement ze ënnerstëtzen. Hien bréngt praktesch Erfahrung vu eise Beroder mat modernen Softwarekonzepter zesummen. De Fionn studéiert de Moment Bioinformatik an der Friedrich-Schiller-Universitéit zu Jena, a kombinéiert perfekt Etuden a praktesch Erfahrung.

Mark von Dewitz

De Mark von Dewitz ass Spezialist fir Requirements Engineering and Enterprise Architecture Management. Seng Stäerkt ass de Client'en ze hëllefen dës Disziplinnen am ganze Betrib ze établéieren fir een robusten a flexiblen Fundament fir d'Optimiséierung eng durabel Orientatioun fir d'IT ze schaafen.