De Cours vermëttelt praktescht Wëssen fir d'Schafung vun lieserlëchen a verständlechen Prozessmodeller a weist wéi d'Standard-Notatioun an enger Organisatioun kann agefouert ginn.

Déi modulär Struktur vum Training an d'Ënnerstëtzung vun eiser innovativer Léierplattform bidden d'Méiglechkeet fir Är individuell Bedierfnesser ze berécksiichtegen. Dir hutt dës Optiounen:

  • Rengen Online-Training (Selbststudium / eLearning)
  • Een Dag hybrid virtuell Formatioun (Video-Meeting), dann Verdéiwung mat eLearning-Modul
  • Gruppeformatioun hybrid virtuell oder präsenz, een oder zwee Deeg.

Detailer an Inhalt

  • Basis-Elementer vun BPMN 2.0
  • Branchement'en
  • Zusammenaarbecht
  • Evenementer
  • Aktivitéiten
  • Hierarchesch Modelléierung
  • Donnéen
  • Kommentarer
  • Praktesch Exercicer

Notzen / Trainings-Zieler

  • Dir kennt d'BPMN 2.0 Elementer vun der "Descriptive conformance" Ennerklass
  • Dir sid kapabel Prozesser entspriechend de Fakten fir är Zilgruppen korrekt, sënnvoll a kloer ze beschreiwen
  • Dir kënnt aschätzen, wat fir Konventiounen Dir fir eng erfollegräich Aféierung vun BPMN 2.0 an Ärer Organisatioun braucht

Zertifizéierung

Dir hutt d'Méiglechkeet duerch Ofleen vun engem Multiple Choice-Examen an Léisen vun enger komplexer Modelléierungs-Aufgab den Certificat "processCentric BPMN 2.0 Descriptive Modeling Expert" ze kréien. Wärend der Ëmsetzung vun dësem Projet gitt Dir perséinlech vun engem Instruktor betreit.

Methodik / Didaktik

D'Konzepter, d'Methoden an d'Bezéiunge gi kloer am Cours presentéiert fir e praktescht Verständnis vu Prozessmodelléiere mat BPMN 2.0 ze promoten. D'Participanten verdéiwen wat se duerch praktesch Übunge geléiert hunn.

Ennerlagen / Hëllefsmëttel

Sprochen

  • Däitsch
  • Franséisch
  • Englesch

Zilgruppen

Fachspezialisten an nei Prozessmanagement-Spezialisten, déi fir hir Zilgruppen Prozesser kloer a präzis ze beschreiwe wëllen.

Viraussetzungen

  •     Keng

Präisser

  • eLearning inkl. perséinlech Ënnerstëtzung während dem Modellerprojet: CHF 490.- / € 490.- TVA incl. (Inscriptioun op eiser Plateforme d'apprentissage
  • Hybrid virtuell Formatioun 1 Dag inkl. eLearning: CHF 850.- / € 850.- (Daten an inscriptioun op eiser Plateforme d'apprentissage)
  • Formatioun fir Gruppen: op Ufro.