De Cours vermëttelt direkt applizéierbart Wëssen fir di wichtëchst Prozessmanagement-Sujet'en: Strategieentwécklung an hir Emsetzung an Prozesser wéi och di organisatoresch Abettung vum Geschäftsprozessmanagement.
Dauer
1 Dag
Detailer an Inhalt
- Betribs-Ziler, Strategie a Plangen
- Prozesser am Betribs-Kontext
- Prozessmanagement-Konzepter an organisatoresch Integratioun
- Qualitéit, Metriken an GRC-Thematik (Governance, Risk, Compliance) a Prozesser
- Praktësch Exercicen
De Cours orientéiert sëch um Contenu vun der Zertifizéierung "OMG Certified Expert in BPM 2 (OCEB 2) Fundamental" an hëlleft och bei der Virbereedung op den Examen. Gudd Connaissaancen vun der Prozessmodelléierung mat BPMN 2.0 sin virausgesaat.
Notzen / Trainings-Zieler
- Dir verstitt d'Interaktioun vu Visioun, Missioun, Ziler, Strategie, Politik, Taktik, Regelen a Prozesser
- Dir kennt di verschidde Méiglechkeeten fir de Prozessmanagement am Betrib ze verankeren
- Dir hutt e grondlegend Versteesdemech vun de relevanten Referenzmodellen, Qualitéits-, Metrik- a Gouvernance-Kaderen wéi APQC Process Classification Framework, SCOR, Value Chain Reference Model, Business Process Maturity Model (BPMM), Six Sigma, Balanced Scorecard, COBIT, Basel 2 an Sarbanes-Oxley (SOX).
- Dir verstidd d'Bedeidung vun der GRC-Thematik (Governance, Risk, Compliance) fir den Prozessmanagement
Zertifizéierung
Den offiziellen Examen "OCEB 2 Business Fundamental exam" (OMG-OCEB2-FUND100) kann an engem offiziellen Pearson Vue Testcenter oder online gemach gin.
Methodik / Didaktik
D'Konzepter, Methoden a Relatiounen gin am Cours illustréiert fir en integralt Versteesdemech vum Management vun Prozesser ze ennerstëtzen. D'Participant'en verdéiwen hirt Wëssen mat Hëllef vun prakteschen Beispiller. Fir d'Preparatioun fir den Zertifizéierungs-Examen gin Multiple-Choice-Froën traitéiert.
Zilgrupp
Nei an erfueren Prozessmanagement-Spezialisten, déi praktësch, direkt applizéierbar Konzepter a Methoden fir en integralen Prozessmanagement kenneléieren wëllen. Prozessmanagement-Spezialisten, déi hirt Wëssen mat enger international unerkannter Zertifizéiertung beleen wëllen.
Viraussetzungen
- Kenntnisser vun der Prozessmodelléierung mat BPMN 2.0
- Elementar Kenntnisser oder Erfahrungen am Prozessmanagement
Präisser
- Formatioun 2 Deeg (virtuell / Präsenz): CHF 1'690.- / EUR 1'690
- Zertifizierungsexamen OCEB 2 Fundamental: voir OMG / Pearson VUE
- Formatioun fir Gruppen: op Ufro
Terminer
- Virtuell a Präsenz-Cours'en (Aschreiwung an Bezuelen op der Léierplattform)
- Ergänzend empfehle mir d'Moduler BPMN 2.0 - Deskriptiv Modelléierung an BPMN 2.0 - Analytësch Modelléierung
- Aner Terminer op Ufro via info@~@processcentric.ch