De Cours vermëttelt direkt applizéierbart Wëssen fir en avancéierten Prozessmanagement: Struktur- an Prozessorganisatioun, avancéiert Prozessmodelléierung, Prozessmiessung, Verännerungsmanagement, Betribsregelen an applizéierbar Kadren.

Dauer

1 Dag

Detailer an Inhalt

  • Strategie-Relatioun vun Organisatioun, Prozesser a Regelen
  • Avancéiert Modelléierung mat BPMN 2.0
  • Regeln an Betribsglossaire
  • Prozesszuelen an Emsetzung vun Verbesserungen
  • Verännerungsmanagement am Betrib
  • Qualitéit, Metriken an GRC-Thematik (Governance, Risk, Compliance) an Prozesser an Regelen

 De Cours orientéiert sëch um Contenu vun der Zertifizéierung "OMG Certified Expert in BPM 2 (OCEB 2) Business Intermediate" an hëlleft och bei der Virbereedung op den Examen. Gudd Connaissaancen vun der Prozessmodelléierung mat BPMN 2.0 an der Decisiounsmodellierung mat DMN 1.1 sin virausgesaat.

Notzen / Trainings-Zieler

  • Dir kënnt d'Ëmsetzung vun enger Betribs-Strategie an Prozesser an Regelen pilotéieren.
  • Dir kënnt di verschidden Méiglechkeeten fir den Prozessmanagement anzeféieren an nohalteg am Betrib ze verankeren.
  • Dir kënnt de Besoin fir Prozessverbesserungen opweisen an plangen.
  • Dir hutt eng Iwwersiicht iwwert di applicabel Qualitéits-, Metrik- an Governance-Kadren an Verbesserungs-Approchen wéi Sarbanes-Oxley (SOX), COBIT, ITIL, Business Process Maturity Model (BPMM), Six Sigma an LEAN.

Zertifizéierung

Den offiziellen Examen "OCEB 2 Business Intermediate exam" (OMG-OCEB2-BUSINT200) kann an engem offiziellen Pearson Vue Testcenter oder online gemach gin.

Methodik / Didaktik

D'Konzepter, Methoden a Relatiounen gin am Cours illustréiert fir en integraalt Versteesdemech vum Management vun Prozess an Decisiounen ze ennerstëtzen. D'Participant'en verdéiwen hirt Wëssen mat Hëllef vun prakteschen Beispiller. Fir d'Preparatioun fir den Zertifizéierungs-Examen gin Multiple-Choice-Froën traitéiert.

Zilgrupp

Erfueren Prozessmanagement-Spezialisten, déi praktësch, direkt applizéierbar Konzepter a Methoden fir en integralen Prozess- an Decisounsmanagement kenneléieren wëllen. Prozessmanagement-Spezialisten, déi hirt Wëssen mat enger international unerkannter Zertifizéiertung beleen wëllen.

Viraussetzungen

  • Gudd Kenntnisser vun der Prozessmodelléierung mat BPMN 2.0
  • Gudd Kenntnisser vun der Decisounsmodelléierung mat DMN 1.1
  • Erfahrungen am Prozessmanagement